Moien léif Muppefrënn!
Mäi Numm ass Alicia Franco.
Aus méngem Elterenhaus hunn ech eng grouss Léift vir d‘Natur an d‘Déierewelt matgeholl, mee speziell fir Wëllef an Hënn hunn ech eng grouss Leidenschaft entwéckelt.
Hënn gehéieren zu méngem Liewe säit ech 9 Joer hunn, mee richteg ugefangen huet alles 2010 mat méngem 1. eegenen Hond, dem Ella, dat ech deemols an en Asyl siche war. Hatt war e ganz ängstlechen, onerfuerenen a gläichzäiteg terribel virwëtzegen an intelligente Mupp, an ech war oft onsëcher, ob mär dann elo zu engem Team kéinnte ginn.
Ech hu Bicher gelies, mech vill mat Hondstraining an Hondssport beschäftegt a wollt ëmmer méi wëssen, mär Verhalensweisen erkläre kënnen, verstoe wat an him virgeet. Mär hunn eis zesummen entwéckelt, mäin Intressi huet sech ausgebreet, an ech hunn irgendwann ugefange mech fir d‘Ausbildung vun Assistenzhënn ze interesséieren.
Iwwert eng Associatioun hunn ech dunn den Erik Kersting kenne geléiert vum „Hundezentrum canis familiaris“ bei Aachen. Während zwee Joer hunn ech eng ganz aner, empathesch Philosophie Hënn ze erzéien kenne léieren dierfen, déi den Hond net méi als Sportgerät, Plüschdéier oder Accessoire gesinn huet. Ufank 2017 hunn ech dunn bei him d‘Ausbildung ofgeschloss zur Hondserzéiungs- an Verhalensberoderin an paralell och zur Assistenzhondserzéierin. Ech hunn außerdem am Mee 2017 eng Prüfung duerch de Messerli Forschungsinstitut vun der veterinärmedizinëscher Uni zu Wien bestanen a sinn als déiereschutzqualifizéiert Trainerin zertifizéiert.
Am Moment si méng Léiermeeschter d‘Ella an de Kyubi a suergen dofir, dass ech virwëtzeg bleiwen an all Daag weider Erfahrunge sammelen dierf.