An dësem Grupp fannen kontrolleiert positiv Hondskontakter an Kombinatioun mat Ofschalttraining statt.
Virrausetzung ass dass är Hënn sech mat anren verstin (geschlechtsspezifesch Präfarenzen gi natierlech berücksichtegt)
an dass där kennt Afloss op ären Hond huelen (heen z.B. bremsen wann en ze hefteg ass) an och aner Leit dest kennen man ouni gebass/korrigeiert ze gin.
Am Alldag huet een oft net vill Meiglechkeeten fir sou kontrolleiert Kontakter hirzestellen, hei geet et och drems dass d’Menschen Spillreegelen matbestemmen an net just
nokucken, sou kritt een och an Alldagssituatiounen méi Afloss op den Hond an hee sicht an brenzelegen Situatiounen eischter eisen Schutz.
Vill Muppen sin immens opgereegt wann se irgendwou aner Muppen gesin, fir dest net nach méi ze fuederen, gin och Rouephasen ouni direkten Kontakt agebaut.
Ofschalttraining heescht mam Hond dobaussen oder an Reim ze sin ouni dass eppes spannendes geschitt. Ziel ass dass den Hond trotz ennerschiddleche Reizer (z.B. aner Muppen)
ofschalt, also sech leet an am beschten Fall schleift ouni eng permanent Erwardungshaltung ze hun.
Praiss: 20€/Keier, 5er-Koart 90€, 10-er Koart 150€
Dauer ca. 1-1,5 h, (1-3 Kontakter pro Hond vu jeweils 5-15 min)
Maximal 8 Hënn/Keier