Eis Offeren riichte sech u jidfereen, deen:
- Spass mat séngem Hond wëll hun an him sënnvoll an aartgerecht Beschäftegung & Ofwiesslung bidde wëll
- d’Bezéiung zu sengem Hond wëll verbesseren
- méi Wëssen iwwer den Hond a seng Bedierfnisser kréie wëll
- kleng oder grouss Problemer mat sengem Hond huet an d’Ursaachen dofir rausfannen an verstoën wëll fir sou eppes drun ze änneren anstatt eng reng Symptombehandlung ze maachen
- sengem Hond Grondsignaler (z.B. Sitz, Platz, Bleiw asw.) well baibrengen an zwar sou dass se fir heen och Sënn maachen
- déi een Welpen hunn an spéideren Problemer wellen virbeugen
- déi sech bei der Sich nom passenden Hond wëlle berode lossen, fir sou och méigleche Problemer virzebeugen