Offeren
Héi fann Dier Détailer iwwert all eis Kueren an Aktivitéiten. Fir Infoën iwwert Auerzäiten an Deeg vun den ënnerschiddleche Gruppen kontaktéiert eis:
Anamnese
120 €
Dauer: +-2h
Wann Dier Problemer mat Ärem Hond hutt, fänkt eis Berodung mat enger Anamnese un. Héi sammële mer Informatiounen iwwert den Hond, séng Vergaangenheet a säin Emfeld, fir esou d’Ursaach fir säi Behuelen erauszefannen. Mer erklären Zesummenhäng tëscht Ärem Behuelen an dem Hond séngem a ginn Ierch éischt Tipps wéi een dem Hond säi Wuelbefanne verbesseren an sou säi Behuelen positiv beaflosse kann. Eventuell maache mer och en klengen éischten prakteschen Training mam Hond. D’Anamnese ass bei erwuessenen Muppen mat gréissere Problemer d´Viraussetzung fir un de Gruppestonne kenne matzemaachen. D`Anamnese fënnt normalerweis bei Ierch doheem statt an dauert ca. 2h. Dono kucke mer zesummen op a wéi mer weider maachen.
Eenzelberodung
80 €/h
Et kann ee festgefuëre Problemer nët vun engem Dag op deen anere léisen, dofir ass et oft sënnvoll no der Anamnese nach wéider Eenzelberodungen ze huelen. Dës kënnen och begleedend zur Gruppestonn gemaach ginn. Héi kënne mer vill méi individuell op déi eenzel Mënsch-Hond-Teams agoën. Dës Eenzelstonne kënnen och bei Ierch doheem oder no Ofsprooch dobaussen oder bei eis zu Kayl stattfannen.
Telefons&Videoberodung
1€/min
Mer bidden och Anamnese & eischte Kontakt iwwer Video/Telefon un (z.B. falls Dier wäit ewech wunnt) maachen. Dëst eegent sech och falls Dier just e puer Klengegkeeten wellt beschwätzen.
Welpen&Juniorgrupp
15-20€
Dauer 1-1,5h
Dës Gruppe riichte sech u Léit mat Welpen an jonken Hënn. D’Muppe léieren héi ënnerschiddlech Réizer, Mënschen, Artgenossen a villes méi kennen. D’Mënsche léieren héi vun Ufank un dem Hond ze wéisen dass si fir seng Sécherheet suergen an d’Verantwortung iwwerhuelen.
Ausserdeem léiert den Hond an dësem Grupp ofzewaarden wann aner Hënn aktiv sinn a sech och bei der Präsenz vun dësen um Besëtzer ze orientéieren.
D’Bezuchspersoun sollt fir den Hond méi interessant a wichteg sinn/bleiwen wéi friem Hënn. Et wir gutt sou fréi wéi méiglech un dësem Grupp deelzehuelen well d’Erfahrungen déi e Mupp als Welp mëcht Afloss op säin ganzt wéidert Liewen hunn. Aus deem Grond ass et och empfehlenswert, niewend de Gruppestonnen, och individuellen Training ze maachen fir eng optimal Basis fir eng gutt psyschësch Entwécklung vum Hond secher ze stellen. Et ass vill méi einfach Problemer guer net réicht entstoën ze lossen wéi se herno rem ze léisen. An dësem Grupp fanne keng direkt Muppekontakter statt.
Erwuessegrupp
15-20 €
Dauer: 1-1,5h
Dëse Grupp riicht sech u Mënsche mat erwuessene Muppen mat méi oder manner grousse Problemer. D’Unzuel pro Grupp ass begrenzt (3-6 Muppen) well et eis wichteg ass, dass et entspaant fir jidfereen ofleeft a mer genuch Zäit hun fir op dei eenzel Teamer anzegoën. Et ass oft sënnvoll niewend der Gruppestonn och Eenzelberodungen ze huelen, virun allem bei gréissere Problemer. Hënn, déi Problemer mat Artgenossen oder Mënschen hunn, kënnen am Ufank op grouss Distanz zum Grupp sinn a mat der Zäit emmer méi no un de Grupp kommen. Héi gi souwuel eenzel wei och gemeinsam Übunge gemaach an et soll een och beim nokucken a nolauschteren vun aneren Teams bailéieren. D’Gruppestonne fannen op ennerschiddleche Plaze statt. Héi léieren d’Hënn z.B. ofzewaarden a sech um Besëtzer ze orientéieren wärend en aneren Hond aktiv ass. Ausserdem ginn hei Begréissungssituatione geübt an et gi verschidden ,,Vertrauensübungen“ gemaach. Et fannen an dësem Grupp keng direkt Kontakter teschend de Muppe statt.
Kontaktgrupp
15-20 €
Dauer:1-1,5h
Dës Grupp riicht sech u Mënsche mat Welpen a jonke Muppen awer och mat souveränen a gutt sozialiséierten erwuessene Muppen. Héi hun d`Muppen direkte Kontakt mateneen an engem kontrolléierte Kader. Spill a sozial Kontakter mat Artgenosse si fir d’Entwëcklung vum Hond ganz wichteg well dobäi Verhaalensweisen an Ausdrocksméiglechkeeten fir d’Liewen geléiert/geübt ginn.
Positiv Erfahrunge mat ënnerschiddleche Rassen/Muppen droën dozou bäi, dass den Hond gutt an eiser Gesellschaft eenz gëtt.
Den Erzéier soll vun Ufank un d`Spillreegelen festleen an d’Muppe gi bei eis net sech selwer iwwerloss. D’Mënsche léieren an dësem Grupp wéini a wéi ee sënnvoll beim Spill/Kontakt kann/soll agräifen an sou dem Hond vun Ufank u wéisen kann, dass si fir séng Secherheet suërgen an d’Verantwortung iwwerhuelen. Et wir gutt sou fréi wéi méiglech un dësem Grupp deelzehuelen well d’Erfahrungen déi e Mupp als Welp mëcht Afloss op säin ganzt wéidert Liewen hun.
Hondsbegéinungen un der Léngt
15-20 €
Dauer: 1-1,5h
Dës Grupp riicht sech un Mënsche mat Muppen, déi Problemer hun u lockerer Léngt an entspaant laanscht Artgenossen ze goën. Mer üben dëst op ville verschiddene Plazen mat ënnerschiddlechen Hënn. Mer passen héi d´Schwieregkeet an Distanz un Ären Hond un sou dass och Hënn mat richteg aggressivem Verhaalen geigeniwwer Artgenossen héi dierfen Deel huelen. Dës kennen am Ufank mat enger zweeter Lengt gesëchert ginn.
Dummyfun
15-20 €
Dauer: 1-1,5h
Wéi de Numm et scho seet geet et an dësem Grupp haptsächlech em de Spass beim apportéieren vun engem oder mei Dummy’en.
Der kritt héi nei Ideeen wat der alles kennt mam Dummy machen an doduerch dass oft mat e puer Dummy’en geschafft gett gi Muppen mei flexibel.
Et gin och Übungen mat friemen Menschen gemach wat kann hellëfraich sin fir Muppen dei ängstlech/skeptesch mat friemen Leit sin. Ausserdem gëtt och Distanzoarbecht gemach, wat dat geigensaitegt Vertrauen stärkt. Och gëtt geübt mam Mupp aktiv ze sin wann aner Muppen an der Géigend sinn.
Nuesenaarbecht: Sozial-Orientéiert Fährt & Mantrail
30-36 €
D’Nues ass dat beschte Sënnesorgan vum Hond an sou hun och dei meescht Hënn grousse Spaass un der Nuesenaarbecht. Mer bidden dofir verschidden Formen vun Nuesenaarbecht un, sou dass hoffentlech fir jidfereen eppes dobai ass.
Bei der sozial orientéierter Fährt lait de Fokus op der gemeinsamer Sich. Mënsch an Hond hunn dat selwecht Zil, wat se nëmmen am Team erreeche kënnen. De Mënsch léiert d’Kierpersprooch vu sengem Hond besser ze verstoën an hëlleft mat Feingefill an dem Suerge fir d’Sécherheet, dass säin Hond Erfolleg huet bei der Sich. Duerch des sënnvoll an aartgerecht Beschäftegung gëtt d’Bezéiung tëscht Hond a Mënsch gestäerkt.
​
Beim Mantrailing geet et virun allem dorem, dass den Hond seng Nues därf asetzen fir ee verstoppten Mënsch unhand vu sengem individuelle Geroch ëremzefannen an unzewéisen. Dëst as och gutt geegent als Übung fir Hënn déi Problemer mat frieme Mënschen hunn. Nuesenarbecht ass och gutt fir opgedreinten/nervös Muppen. Mer bidden och nach reegelmeisseg aner Formen vun Nuesenarbecht un (Rallye, Juegdtrail asw.).
Revéieren
30€ Theorie +-1h
30€ Praxis +-45min
D'Revéieren ass eng flott Aktivitéit, bei där een gemeinsam mat sengem Hond eng Fläch systematesch ofsicht fir Futterdummy´en oder en Objet erëmzefannen. Bei dëser dynamescher an sënnvoller Aktivitéit kann den Hond net nëmme senge Bedürfnisser voll a ganz nokommen, mee och d’Bezéiung tëscht Mënsch an Hond gëtt  positiv beaflosst, den Teamwork gestäerkt an d’Kommunikatioun verfeinert. Doduerch, dass den Hond no hanne geschéckt gëtt fir ze sichen, schafft een ausserdeem un der Leinenführung. De Fokus läit dobäi och op der Juegdkontroll an der, fir den Hond novollzéibarer, Zesummenaarbecht. Wien also eng Aktivitéit wëll maachen, déi e pedagogesche Mehrwert huet, ass beim Revéiere genau richteg. D’Deelhuelen un enger Theoriesstonn, an där déi wichtegst Informatiounen zum Opbau an dem Leinenhandling erkläert ginn, ass d’Viraussetzung fir aktiv kënne matzemaachen.
Ofschaltgrupp
15-20 €
Dauer: 1-1,5h
Vill Muppe sinn immens opgereegt wann se dobaussen aner Muppe gesin/begeinen oder op eng nei Plaz kommen. Dofir sinn Rouphasen an desem Kontext an ouni direkte Kontakt mat aner Hënn immens wichteg. Aktiv sinn kënnen déi meescht Muppen dobaussen ganz gutt, mee zur Rou ze kommen ass fir Mënsch an Hond oft eng enorm Erausfuerderung. Vill Muppe fänken schon u mat jipsen wann een ennerwee just kuerz stoë bleiwt, un en entspaante Restaurantsbesuch mat engem aner Hond am Raum guer net ze denken.
Ofschalttraining heescht mam Hond dobaussen oder an Reim ze sinn ouni dass eppes Spannendes geschitt. Zil heivun ass, dass den Hond trotz ennerschiddleche Reizer (z.B. aner Muppen, Mënschen, Autoen, juegdlëch Reizer) ofschalt/entspaant ouni eng permanent Erwardungshaltung oder Stress ze hunn. Glaichzäiteg beschwätze mer héi theoretesch Themen an Dier kennt Froën stellen.
Soziale Spazéiergang
15-20 €
Dauer 1-1,5h
Héi gi mer an enger Grupp zësummen en Tour ,,spazéieren,,. Ennerwee fannen awer och kleng Aktivitéite statt (Mensch-Hond). Zil ass et e Gruppegefill bei den Hënn ze entwéckelen an dass een entspaant niewent aner Hënn kann trëppelen. Wann der nach vill Problemer mat der Leinenführung hutt oder äre Mupp massiv Problemer mat Artgenossen huet, empfeele mer alseicht un aner Gruppen/Aktivitéiten deelzehuelen.
Treibball
15-20 €
Treibball ass ë Muss fir all Hüte- an Dreifhond, awer och vill aner Rassen fanne groussen Spass dorun d’Bäll ze dreiwen. Héi geet et drëms dass den Hond mat Hëllef vum Mënsch Bäll op eng bestëmmte Plaz zesummerullt. Dëst ass eng flott Form vun der Zësummenaarbecht tëscht Mënsch an Hond. Ech hun Treibball vu sengem Entwëckler (Jan Nijboer) kennegeléiert a probéieren et sou wéiderzegin wéi et ursprünglech geduecht woar: Nämlech als Teamwork, wou Mensch an Hond zesumme schaffen an zësumme wuessen. De Spass un der Saach huet absolut Prioritéit. Mer bidde reegelméisseg Treibballworkshopen fir Ufänger an Gruppen fir Ufänger a Fortgeschrattener un.
Lëschtenhënn
15-20 €
Dauer: 1-1,5h
Dier kennt bei eis dei offiziell ,,cours de dressage“ fir Lëschtenhënn, déi een fir den Hondsführerschain brauch absolveieren. Zu den Lëschtenhënn zu Letzebuerg geheieren folgend Rassen: Staffordshire Bullterrier, (English) Mastiff, American Staffordshire Terrier, Tosa, Pitbulls (Loi du 9 mai 2008 relative aux chiens, Art. 10). Fir den Hondsführerschain muss der en theoreteschen Deel vun 12h an e prakteschen Deel vun 24h absolveiren. Den prakteschen Deel kennt der bei eis absolveiren andeems der 24 Mol an d´Gruppestonn kommt. Dono muss der eng kleng praktesch ,,Prüfung,, absolvéiren a kritt en Diplom deen ee muss op der Gemeng firweisen.
Berodung virun der Adoptioun
50 €/h
Et gi vill Méiglechkeeten fir en Hond ze adoptéieren:
Hobbyziichter, gewerblech Ziichter, Déierenasyler, Déiereschutzorganisatiounen, Internet, Zoohandel, Zeitung…
Mee wéi fënnt een deen Hond dee béi ee passt a wéieng Organisatioune sollt een ënnerstëtzen an firwaat?
Waat sinn d’Fir an d’Nodeeler vun Mudder oder Ritt, Welpen oder erwuëssenem Hond, Rassehond oder Mischling? Mer probéieren Ierch Äntferten op des an aner Froëen rondrem d´Adoptioun vun engem neie Familienmember ze ginn fir esou dee Mupp ze fannen, dee bei Ierch an ärt Liewe passt.
Geschenkgutschäin
0 €
Dier kënnt Geschenkgutschäiner fir all Aktivitéiten an och Eenzelberodunge bei eis kreien