Tina Traversini
“Die reinste Form des Wahnsinns ist es, alles beim Alten zu belassen und zu hoffen, dass sich etwas ändert.” Albert Einstein
Hallo léif Hondsfrënn,
Mäin Numm ass Tina Traversini.
Déieren a virun allem Hënn hu schon ëmmer eng grouss Roll a mengem Liewe gespillt. Ech si mat Schéiferhënn opgewuess an interesséiere mech och säitdeem fir Hondstraining. Scho mat 10 Joër sinn ech mat eise Muppen op den Hondsterrain gaang. Ech wollt méi iwwer Hënn an Hondstraining wëssen. Ech hu vill Bicher iwwer Hënn gelies an no der Première ugefaang eemol am Mount interessant Seminarer iwwer Hënn, Training an Erzéiung ze besichen. Duerch Zoufall sinn ech 2011 beim Jan Nijboer (Begrënner vun Natural Dogmanship®) gelant an hu bei him d’Ausbildung fir Hondserzéiungsberoderin gemaach, dei ech Enn 2012 erfollegraich ofgeschloss hun. Do hunn ech geléiert a begraff dass et e groussen Ennerscheed zwëschen Hondstraining/Dressur an Hondserzéiung gëtt. Hondserzéiung ass daat woumat ech mech och zënterhier beschäftegen a woubäi ech aner Léit ennerstëtze wëll.
Ech hun dofir Enn 2012 ,,Hond-Sinn,, gegrennt an Ufank 2014 hun ech dësen Hobby zum Beruff gemaach.
Ech hun ausserdeem am März 2014 mäi Studium als Déierendoktesch erfollegraich ofgeschloss, waat mer d’Méiglechkeet gëtt, méi ganzheetlech ze schaffen an zum Beispill och krankheetsbedëngten Verhalensprobleemer ze erkennen.
Ech hunn de Moment 2 eegen Hënn (Raffi & Quinta), vun deenen ech all Dag dobäi léieren.
Alicia Franco
“You become responsible, forever, for what you have tamed.”
Antoine de Saint-Exupery
Moien léif Muppefrënn!
Mäi Numm ass Alicia Franco, ech sin am Team vun Hond-sinn sait 2018.
Aus méngem Elterenhaus hunn ech eng grouss Léift vir d‘Natur an d‘Déierewelt matgeholl, mee speziell fir Wëllef an Hënn hunn ech eng grouss Leidenschaft entwéckelt.
Hënn gehéieren zu méngem Liewe säit ech 9 Joer hunn, mee richteg ugefangen huet alles 2010 mat méngem 1. eegenen Hond, dem Ella, dat ech deemols an en Asyl siche war. Hatt war e ganz ängstlechen, onerfuerenen a gläichzäiteg terribel virwëtzegen an intelligente Mupp, an ech war oft onsëcher, ob mär dann elo zu engem Team kéinnte ginn.
Ech hu Bicher gelies, mech vill mat Hondstraining an Hondssport beschäftegt a wollt ëmmer méi wëssen, mär Verhalensweisen erkläre kënnen, verstoe wat an him virgeet. Mär hunn eis zesummen entwéckelt, mäin Intressi huet sech ausgebreet, an ech hunn irgendwann ugefange mech fir d‘Ausbildung vun Assistenzhënn ze interesséieren.
Iwwert eng Associatioun hunn ech dunn den Erik Kersting kenne geléiert vum „Hundezentrum canis familiaris“ bei Aachen. Während zwee Joer hunn ech eng ganz aner, empathesch Philosophie Hënn ze erzéien kenne léieren dierfen, déi den Hond net méi als Sportgerät, Plüschdéier oder Accessoire gesinn huet. Ufank 2017 hunn ech dunn bei him d‘Ausbildung ofgeschloss zur Hondserzéiungs- an Verhalensberoderin an paralell och zur Assistenzhondserzéierin. Ech hunn außerdem am Mee 2017 eng Prüfung duerch de Messerli Forschungsinstitut vun der veterinärmedizinëscher Uni zu Wien bestanen a sinn als déiereschutzqualifizéiert Trainerin zertifizéiert.
Am Moment si méng Léiermeeschter d‘Ella an de Kyubi a suergen dofir, dass ech virwëtzeg bleiwen an all Daag weider Erfahrunge sammelen dierf.
Aus- an Wéiderbildungen
Et ass fir eis selbstverständlech och no eiser Ausbildung reegelmeisseg Formatiounen zum Thema Hond ze besichen fir eist Wëssen ze verdéiwen, Austausch mat Fachkollegen ze hunn an um aktuellen Stand ze bléiwen
2008 – 2024
Tina Traversini
-2008-2013: Veterinärmedezin/JLU Giessen
-2008-2010 ,,Hunde, Katzen & Pferdepsychologie,, bei Animalmundi
-2010 Tellington Touch Seminar/Silvia Weber
-2011-2012 Ausbildung zur Hondserzéiungsberoderin bei Natural Dogmanship ©
-2012 Treibball-Trainer-Seminar/Jan Nijboer
-2013 Mantrailing-Seminar/Sabine Ernst
-2012-haut reegelmeisseg Wéiderbildunge bei ënnerschiddlechen Dozenten
2017 – 2021
Alicia Franco
-