top of page
image1.jpeg

Philosophie

“Dresséiers du nach oder erzitts du schon?“

Respekt viru Mënsch an Déier hu bei Hond-sinn Prioritéit. Alter, Rass, Geschlecht an Temperament vum Hond gi berücksichtegt. Duerch déi enk emotional Bindung zum Hond, vergësst een oft, waat fir en Déier heen eigentlech ass a waat séng Bedierfnisser sinn. Mer wëllen Ierch d’Déier Hond rëm méi no bréngen an Ierch dobäi hëllefen d’Welt (sou wäit dat méiglech ass) mat sëngen Aaen ze gesinn. Mier leeë grousse Wäert drop, d’Grënn fir Ã« problematescht Behuelen vun Ã„rem Hond erauszefannen an dës mat Hëllef vu Verännerunge sou gutt wéi méiglech ze behiewen, well eng reng Symptombehandlung bréngt meeschtens (wann iwwerhapt) nëmme kuerzfristeg Verbesserungen. Bei Hond-sinn gëtt kee sënnlose Gehorsam vum Hond verlaangt, mee et ginn him Signaler bäibruecht, déi fir hien Sënn maachen an déi zu sengem Virdeel sinn. Hee soll déi Saache léieren, déi him Spass maachen an déi heen och vu sech aus gär giff léieren.

Eng aartgerecht gemeinsam Beschäftegung ass d’Basis vun enger gudder Erzéiung a Bezéiung, dofir fannt Dier ënner ,,Offeren“ och vill ënnerschiddlech Beschäftegungsméiglechkeeten. Mer schaffen net mat aversiven Hëllefsmëttel (wéi z.B. Stachel- oder Würgehalsband,Erzéiungsgeschirr,Sprühhalsband, Wurfschellen an och net mat Halti oder Maulkuërf). Falls Dier awer aktuell nach sou o.ä. Hëllefsmëttel benotzt kontaktéiert eis gären fir ze kucken wei Dier an Zukunft ouni dës kennt mam Hond zësummeliewen. Den Hond ka sech nëmmen verännere wann och de Mensch sech verännert.​

Philosophie: Ãœber mich
bottom of page