Un der Gruppestonn fir Erwuessen Muppen kënnen 3-6 Hënn deelhuelen. D’Unzuel ass begrenzt well et mer wichteg ass dass et entspaant fir jidfereen ofleeft an ech genuch Zäit hun fir op dei eenzel Teamer anzegoën.
Fir un der Erwuessen-Gruppestonn kënnen deelzehuelen, muss ee virdrun mindestens d’Anamnese gemaach hun. Et ass oft sënnvoll niewend der Gruppestonn och Eenzelberodungen ze huelen.
Hënn dei grouss Problemer mat aneren Hënn oder Mënschen hun, kënnen am Ufank op grouss Distanz zum Grupp sinn a mat der Zäit emmer méi no un de Grupp kommen.
D’Gruppestonne ginn op ennerschiddleche Plaze gehalen. Héi léieren d’Hënn z.B. ofzewarden an sech um Besetzer ze orientéieren wärend en aneren Hond aktiv ass.
Ausserdem gin hei Begreissungssituationen geübt an et gin verschidden ,,Vertrauensübungen“ gemaach. Et fannen an deser Grupp keng direkt Kontakter teschend de Muppen statt.
Theoretesch Grondlagen gin widderholl.
Präiss: 20€/Stonn, 5-er Koart: 90€, 10-er Koart 150€