Der kennt bei eis dei offiziell ,,cours de dressage“ fir Lëschtenhënn, déi een fir den Hondsführerschain brauch absolveieren.
Zu den Lëschtenhënn zu Letzebuerg geheieren folgend Rassen: Staffordshire Bullterrier, (English) Mastiff, American Staffordshire Terrier, Tosa, Pitbulls
(Loi du 9 mai 2008 relative aux chiens, Art. 10)
Fir den Hondsführerschain muss der en theoreteschen Deel vun 12h an en prakteschen Deel vun 24h absolveiren. Den prakteschen Deel kennt der bei eis absolveiren andeems der 24 Mol an d’Gruppestonn kommt. Et gëllen heifir dei normal Praïsser vun de Gruppestonnen. Dono muss der eng kleng praktesch ,,Prüfung,, absolveiren a kritt dono en Diplom.
Héi fannt der weider Informatiounen zum Hondsführerschain:
Héi fannt der dat allgemengt ,,Hondsgesetz,,: