De Welpen-Juniorgrupp ass eng gemeschte Grupp fir Welpen a jonk Muppen vun engem Alter vun 8 Wochen bis ca. 1,5 Joër-
D’Muppe sollen hei ennerschiddlech Réizer, Mënschen an villes méi kenne léieren.
Spill ass fir d’Entwëcklung vum Hond ganz wichteg well dobäi Verhaalensweisen an Ausdrocksméiglechkeeten fir d’Liewen geleiert/geübt gin.
Positiv Erfahrungen mat villen ënnerschiddlechen Muppen dreit dozou bäi, dass den Hond gutt an eiser Gesellschaft, wou et emmer mei Muppen gin, eenz gëtt.
Den Erzéier soll vun Ufank un Afloss op d’Spillreegelen hun an d’Muppe sollen net sech selwer iwweloss gin.
D’Mënschen sollen an dësem Grupp léieren wéini an wéi ee sënnvoll beim Spill kann agräifen an sou dem Hond vun Ufank un wéisen dass si fir seng Secherheet suergen an d’Verantwortung iwwerhuelen.
Ausserdeem soll den Hond an desem Grupp léieren ofzewarden wann aner Hënn aktiv sin an sech um Mënsch ze orientéieren obwuel aner Muppen rondrem sin.
D’Bezuchspersoun sollt fir den Hond méi interessant an wichteg sinn/bleiwen wei de Kontakt mat friemen Hënn.
Et wir gutt sou fréi wéi méiglech un desem Grupp deelzehuelen well d’Erfahrungen dei e Mupp als Welpen mëcht Afloss op säin ganzt wéidert Liewen hun.
Aus deem Grond ass et och empfehlenswert niewend der Gruppestonn och schon individuellen Training ze maachen fir eng optimal Basis fir eng gutt psyschësch Entwécklung vum Hond secher ze stellen.
Et ass vill méi einfach Problemerguer net réicht entstoën ze lossen wéi se herno rem ze léisen.
Präisser: 20€/Kéier; 5-er Koart 90€; 10-er Koart 150€